Fräi Wuessen
All Kand an sengem eegene Rhythmus begleeden.
Agewinnung
All Kand kënnt op seng Aart bei eis un. Mat Zäit, Gedold a vill Häerz begleede mir dëse wichtege Schrëtt, fir datt sech eng vertrauensvoll Relatioun entwéckele kann. Esou däerf d'Crèche lues a lues zu engem Plaz vu Gebuergenheet an Entdeckunge ginn.
Eisen Alldag
Gesond & Kreativ
Eisen Alldag gëtt vum Rhythmus vun der Natur geleet. Mir verbréngen esou vill Zäit wéi méiglech dobaussen, entdecken d'Natur mat allen Sënner a schafen vill Plaz fir fräit Spill, Kreativitéit a Beweegung. Gemeinsam Momenter, eng gesond Ernierung an eng vertrauensvoll Atmosphär begleeden eis duerch den Dag a ginn de Kanner d'Sécherheet, fir sech fräi z'entfalen an d'Welt mat Virwëtz ze entdecken.

Eise Bësch
Exploratioun & Immunitéit
Mat eisem eegene Bësch hu mir e Léierraum direkt virun der Dier. Hei erliewe Kanner d'Natur mat allen Sënner, entdecken Déieren a Planzen a léieren d'Joreszäiten op eng ganz natierlech Aart kennen. Mir si bei bal all Wieder dobaussen, well mir gleewen, datt d'Natur dat bescht Ëmfeld bitt, fir sech gesond z'entwéckelen, d'Selbstvertrauen ze stäerken an d'Welt mat Viirwëtz ze entdecken.

Eis Déieren
Verantwortung & Empathie
D'Bezéiung zu eisen Déieren ass e wichtege Bestanddeel vun eiser Pädagogik. All Dag erliewen d'Kanner, wéi vill Freed et mécht, sech ëm aner Liewewiesen ze këmmeren. Op eisem Bauerenhaff liewen ënner anerem Islandpäerd, Shetland-Ponien, Schof, Geessen, Ieselen, Kanéngercher a Meerschwäin, déi de Crèchesalldag op eng ganz besonnesch Aart beräicheren.
Beim Fidderen, Fleegen an Observéiere entwéckele si Verantwortung, Empathie a Respekt – Wäerter, déi si och am Ëmgang mat anere Mënsche begleeden. Eis Déiere sinn net nëmme Begleeder, mee och Léiermeeschteren, déi de Kanner Rou, Vertrauen an eng déif Verbindung mat der Natur vermëttelen.

Eis Feldweeër
All Spadséiergang eng Entdeckungsrees
D'Feldweeër ronderëm eis Crèche sinn e feste Bestanddeel vun eisem Alldag. Hei huele mir eis Zäit, d'Natur am Rhythmus vun de Joreszäiten ze entdecken, Déieren a Planzen ze observéieren an déi kleng Wonner um Wee ze gesinn.
Fir eis ass net d'Zil dat Wichtegst, mee de Wee selwer. All Spadséiergang gëtt zu enger Entdeckungsrees, déi de Viirwëtz, d'Sprooch, d'Beweegung an d'Verbannung mat der Natur fërdert. Esou léieren d'Kanner, d'Natur mat oppenen Aen ze erliewen an déi kleng Saachen am Liewen ze schätzen.

Eise Geméisgaart
Vum Som bis zur Ernte
An eisem Geméisgaart erliewen d'Kanner de ganze Wee vun der Natur – vum klengen Som bis zur Ernte. Si säen, planzen, fleegen a kënnen dono mat Freed beobachten, wéi Uebst, Geméis a Kraider wuessen. Dobäi entwéckele si Gedold, Verantwortungsgefill an e Bewosstsinn fir eng gesond an nohalteg Ernierung.

Dir sidd häerzlech agelueden, eis Crèchen kennenzeléieren.
Rendez-vous huelen