Reittherapie & Reitpädagogik

D'Päerd begéint dem Kand ouni Virurteeler. Et lauschtert, spigelt Emotiounen a schenkt Rou, Vertrauen a Gebuergenheet.

D'Päerd schwätzt ouni Wierder. Et hëlt d'Kand un, genee esou wéi et ass. An dëser éierlecher Bezéiung däerf Vertrauen entstoen, Selbstvertrauen wuessen a vill kleng Wonner geschéien.

Eis Approche

An eiser Reittherapie an Reitpädagogik steet net d'Reitleeschtung am Mëttelpunkt, mee d'Relatioun tëscht Kand, Päerd an Natur. An enger roueger, geschützter Atmosphär dierfen d'Kanner d'Päerd kenneléieren, versuergen, féieren an – jee no hire Besoinen – och reiden.

Déi rhythmesch Beweegung vum Päerd kann d'Gläichgewiicht, d'Kierperwouergeholl, d'Koordinatioun an d'Motorik fërderen. Gläichzäiteg hëlleft de Kontakt mam Déier dobäi, Selbstvertrauen opzebauen, Emotiounen ze reguléieren an sech selwer besser kennen ze léieren.

Fir eis Aarbecht hu mir eis roueg a feinfühleg Islandpäerd, déi duerch hire gläichméissege Rhythmus an hire frëndleche Charakter ideal Begleeder fir d'Reittherapie sinn. Eis Shetlandponyen erméiglechen och de klengste Kanner eng éischt sécher a vertrauensvoll Begéinung mam Päerd.

All Kand gëtt individuell begleet a kritt Zäit, sech a sengem eegene Rhythmus z'entwéckelen – mat vill Gedold, Häerz an der Kraaft vun der Natur.

Kand um Poney, Äerm op, mat Helm
Vertrauen entsteet net duerch Drock, mee duerch Bezéiung. Genee do fänkt eis Reittherapie un.

Fir ween?

Eis Reittherapie a Reitpädagogik riicht sech u Kanner, Jugendlecher an Erwuessener, déi sech duerch d'Bezéiung mam Päerd weiderentwéckele wëllen.

Si kann ënnerstëtzend sinn bei:

  • Entwécklungs- a Motorikschwieregkeeten
  • Opmierksamkeets- a Konzentratiounsschwieregkeeten
  • Angscht oder Onsécherheet
  • emotionalen Erausfuerderungen
  • engem niddrege Selbstvertrauen
  • oder einfach fir Mënschen, déi Rou, Natur an den enke Kontakt mam Päerd sichen.

D'Séance fanne nomëttes an no Terminofsprooch statt.
Individuell, zu zwee oder a klenge Gruppe.

Kand mat sengem Poney

Eng zertifizéiert Praxis

Mir si zertifizéiert Reittherapeuten a Reitpädagogen a verfügen iwwer eng berufflech Qualifikatioun vun Equimotion, enger international unerkannten a ISAAT-zertifizéierter Aus- a Weiderbildung am Beräich vun der päerdsgestëtzter Therapie a Pädagogik.

Rendez-vous huelen